radio 100,7 - An der Oper

Neiegkeeten

10 Joer Rockhal: Freideg, 16. Oktober

De radio 100,7 ass live dobäi >>

E-Lodie Sessions III: Emre Sevindik

Freideg, 23. Oktober am Grousse Studio vum radio 100,7. Reservéiert Är Plazen op: events@100komma7.lu. D'Plaze si limitéiert! >>

Coup de Coeur Octobre 2015: The Lobster

Gagnez deux tickets de cinéma! >>

All Neiegkeete weisen

enregistréieren news rss

Emissiounen

<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen

An der Oper

20:00 - 21:00

Kategorie vun der Emissioun

Allgemeng Beschreiwung

D’Tufa-Tréier feiert am November hir 30 Joer. An dem Kader hunn den Nils Thoma a Stefan Bastians eng Jazz-Oper op d’Bee gestallt: Blue Sheets.
Dës Oper zielt vun de soziale Bedéngungen an der Tragik an enger Duch-Fabrik a Relatioun mat deene verschiddene Protagonisten.
De 7. November 2015 ass d’Première am Uert genannt “Walzwerk (Brühlstrasse n.4)” zu Tréier. De Manuel Ribeiro huet sech mat den Auteuren vun der Oper wéi och mat der Direktesch vun der Tufa-Tréier ënnerhalen.
Am Stater Theater ass déi nächst Oper méi spéit am November, mä an de Kinoen Utopia an Utopolis steet am Kader vun der Met-Live den imposanten Tannhäuser vum Richard Wagner, den 31. Oktober op der Affiche.
Eng Geleeënheet fir de Manuel Ribeiro, fir op dëst historesch wichtegt Wierk méi am Detail anzegoen.
Tannhäuser und der Sängerkrieg auf Wartburg ass dem Richard Wagner seng fënneft Oper. De Sujet kënnt aus zwou germanesche Legenden, déi vun engem Sängertournoi op der Wartburg mat de Minnesänger Wolfram von Eschenbach an Heinrich Ofterdingen als Protagonisten, erzielen.
Inspiréiert deemno aus dem Vollekslidd Tannhäuser, an der Geschicht vum Sängerkrieg auf der Wartburg. De Wagner schreift a senger Autobiographie, datt hien dem Ludwig Tiecks seng Erzielung Der getreue Eckart und der Tannhäuser an dem E.T.H. Hoffmann säi Buch Der Kampf der Sänger gelies huet, éier hien den Text fir seng Oper komponéiert huet.
An den Haaptrolle sinn ze gesinn de Johan Botha, d’Eva-Maria Westbroek, wéi och de Peter Mattei an d’Michelle DeYoung, dat ganzt ënnert der Direktioun vum James Levine.
Weider steet den Agenda vun den Operenhäiser aus der Groussregioun um Programm.
 

Presentateur/trice

Méi